Aktivitéiten Cycle 1

Save the date: 31.03.25
11/01/2025D‘Spillschoulskanner lueden hir Elteren an hir Klass an, an präsenteieren hiren Portfolio. Zesummen huelen sie sech bessen Zäit, d’Klasseliewen kennen ze léieren, daat och un Hand vum Portfolio an aner kreativ Produktiounen.

Verkeierskasperl
09/01/2025D‘Spillschoulskanner waren op Réimech bei de Willi, deen hinnen erklärt huet, wéi een sech richteg op der Strooss behuele soll.

Sportsdag vum C1
15/07/2019Mat flotte Spiller verbrengen mir e Moien am Méidenger Bësch. Hei sinn e puer Andréck vum Précoce.
* Bäll am Netz: Vill kleng faarweg Bäll ginn mir mat Hellëf vun eisen Netzer un daat Kand niewt eis weider.
* Jickeparcours: Mir loossen d'Jicken duerch Réier a Schläich an d'Biitercher rullen.
* Pacman: Mir huelen mat eisem Tennisball Pacman Holzstécker an transportéieren se duerch e Slalom an de Kuerf.
* Allerhand Genuddels: Mir probéieren eis Nuddelen duerch d'Reefer mat verschiddenen Gréissten an Héichten ze schéissen.
* Picknick am Bësch
* Sportquiz mam Velo: Mir brengen mam Velo d'Kärtchen mam Sportgeschier bei déi passsend Sportart.
» Galerie

Ausflug an de Parc Merveilleux op Betebuerg
22/06/2018Den 15. Juni war de Précoce op en Ausflug an de Betebuerger Parc, oder de "Lëtzebuerger Park", wéi e puer vun eise Butzen soen.
» Galerie
Schoulsportdag am Méidenger Bësch/Précoce
18/05/2018De 17.Mai war Schoulsportdag. De Précoce war mam ganzen C1 an de Méidenger Bësch fir en sportlechen Dag ze erliewen mat villen flotten Spiller.
» Galerie