Zum Haaptinhalt sprangen

Diplomiwwerreechung "Schoulbusbegleeder"

27/09/2017

E Mëttwoch, den 27. September hunn 20 Kanner aus dem Cycle 4.1 vum Här Jos Heisbourg, Buergermeeschter vun Duelem, vum Luc Vandivinit vun Voyages Vandivinit a vum Laurent Goedert vun der Police Grand-Ducale hiren Diplom als Schoulbusbegleeder iwwerreecht kritt. Et war och d'Police Grand-Ducale, déi am Juni 2017 d'Formatioun fir all déi Kanner organiséiert hat, déi Schoulbusbegleeder wollte ginn. Di nei Schoulbusbegleeder sinn vun deser Woch un dann an den Duelemer Schoulbussen aktiv, wou si hiren Deel dozou bäidroen, dass de Schoultransport zu Duelem gudd funktionnéiert. An der Galerie kënnt Dir Iech Fotoen vun der Dilpomiwwerreechung ukucken.




» Galerie