Wahlen vun den Elterevertrieder
26/10/2017Dir wëllt wëssen, wien di nei Elterevertrieder fir di next zwee Joer sinn? Da liest den Artikel zu deem Thema, deen der hei fanne kënnt.
Esou wéi d'Schoulgesetz dat virgesäit, ginn all zwee Joer nei Elterevertrieder gewielt. Am Laf vum Mount Oktober hunn 6 Mammen a Pappen vu Kanner aus der Duelemer Schoul hir Kandidatur, fir Elterevertrieder ze ginn, beim President vum Schoulcomité ofginn. Donneschdes, den 26. Oktober hunn sech all déi Leit dunn am Centre Culturel zu Duelem getraff, fir do zesummen mam Schoulcomité an de Vertrieder vun der Schoulkommissioun an dem Schäfferot ze bestëmmen, wien dann elo Elterevertrieder gëtt.
Dobäi koum eraus, dass all déi 6 Kandidaturen zereckbehaale goufen. Fir d'Schouljoeren 2017/2018 an 2018/2019 sinn dann d'Anabela Dos Santos, d'Isabelle Ferring, den Tom Lahr, de Jean-Jacques Olinger, d'Sarah Schade an d'Brigitte Wciorka d'Vertrieder vun den Elteren vun den Duelemer Schoulkanner.
Op deser Plaaz wëlle mir hinnen alleguer Merci fir hiren Engagement soën a mir freeën eis op eng gudd Zesummenaarbecht.