
Cycle 3.1 - Woch vun der Mellech
31/12/2016Den 15. Dezember wor de Cycle 3.1 op Besuch beim Bauer Entringer zu Duelem, dat am Kader vun der Woch vun der Mellech. D'Kanner kruuten een Abléck an dat alldeeglecht Liewen vum Bauer. D'Kanner duerften d'Déieren fidderen an nokucken, wéi d'Kéi gestrach goufen. An der Mellechkummer gouf et dunn nach een gudd Glas Mellech ze schmaachen. Mir soen der Famill Entringer een groussen Merci fir desen informativen an erliefnisräichen Moien.