Zum Haaptinhalt sprangen

Liesnuecht an der Schoul März 2019

04/04/2019

Den 28 Mäerz war eng lass an der Nuecht; 

Do mir hei gelies a  geschlof. Mir dat sinn: Max, Santiago, Theo, Tim, Lenny, Freyja, Amélie, Noémie, Lea an Anita.

Fir d'éischt hunn mer ons mol installéiert.. zum Gléck hunn e puer Pappe gehollef beim Opriichten!

Och ons Liiblingsbicher hate mir matbruecht.

Mir hunn Buschtawe mat onsiichtbarer Tënt geschriwwen, mat der Fieder geschriwwen, Lieszeeche gebastelt an gebak.

Natierlech hunn mer och vill gelies!!

Mir hunn och e Rallye gemaach wou mer ee richtege Schatz fonnt hunn.

Owes huet Joffer Annemarie ons nach eng GuddNuechtGeschicht virgelies.. mat dausend Kussen (et kennen der och e puer manner gewiescht sinn).

Du ware mer midd an hunn méi oder manner bis mueres geschlof....

An der Nuecht ass et vill méi flott an der Schoul!!! An et ginn och keng Geeschter an der Schoul...

» Liesnuecht